Haaptsäit

Vu Claudine Weber - Wiki

Wiesselen op: Navigatioun, Sich

Bonjour,

Dir befannt Ierch op dem Wiki, deen Deel vum Support as, deen ech mengen Clienten ubidden.

An desem Wiki wärten sech spéiderhin d'Benotzerhandbicher fir den FileZilla, den Gallery2 an den ModX an fir d'Konsole (oder Putty fir Windows-Benotzer) befannen.

Well an der Informatik och emmer en bessi Mathematik derbäi as, fannt der och eng kleng Sektioun iwwert Mathe (keng Panik, mir maan lo hei keng héiger Mathé :-) ).

All Benotzerhandbicher, Erklärungen an Applicatiounen fannt der hei nach eng kéier fir erofzelueden.

Wann Dier eng Websäit hutt, déi ech administréieren, kennt der Ierch déi néidech Loginnen fir den Server an den Site bei mir froen.

Zousätzlech fannt der hei en Mantis Bugtracker, fir Feeler op Äerem Site, Ännerungen oder Neierungen ze froen. Fir Zougang op den Mantis BT ze kréien, musst der och bei mir en Login ofroen. Ech probéieren et esou ze handhaben, dass daat deen selwegten wäert sin wéi äeren ModX/Gallery2 Login.

Des weideren hun ech och en klengen Skript deen et erméiglecht fir eng ModX Instance méi schnell à jour ze setzen. D'Erklärungen sou wéi den Quelltext kennt der hei kuken.

All Inhalter vun desem Wiki ennerleien der letzebuergescher Versioun vun der Creative Common Lizenz!!!

Bescht Gréiss, Claudine Weber (Sys Admin) 14:45, 16. Sep. 2009 (UTC)

Perséinlech Tools